Hommages à Charly Gaul (08/12/1932 - 06/12/2005)

RTL – NEWS vum 10. Dezember 2005 ( Corinne Folscheid )

Am Kader vun enger émouvanter Gedenk-Zérémonie gouf der lëtzebuerger Veloslégend Charly Gaul haut eng läschte Kéier Äddi gesot, dat nodéms hien dë 6. Dézember gestuerwen ass.

Charly Gaul au Gala Tour de France 2004

Charly Gaul au Gala Tour de France 2004

Fir d’éischt wor ët eng Mass an der Kathédral, wou sëch nët manner wéi 1.000 Leit versammelt haaten. Am Kapuzinerthéater gouf dono a verschiddenen Usprochen nach eemol un dee Verstuerwenen erënnert. Dë Professër Frank Wilhelm huet een Exposé gehaalen mam Titel « Charly Gaul, le champion sportif et son mythe ».

« Mir hun d’Häerz schwéier », sou een émotionellen Premier Jean-Claude Juncker. D’Lëtzebuerger hätten mam Charly Gaul eng eejen Geschicht gehaat. Et wir ee Mann gewierscht, deen së houffreg gemach hätt an deen së bewonnert hun. Hien hätt elo séng läscht Kéier geholl. „De Chaarel ass fort gerannt an ët huet keen ë méi gesin", sou nach dë Jean-Claude Juncker.

Awer och den Tourdirekter Jean-Marie Leblanc hat ergräifend Wierder fir dë Charly Gaul iwreg. Hien huet drop higewisen, datt Länner déi keng Légend hätten, geifen stierwen u Keelt. Hien huet vun engem Held vum Tour de France geschwat.

Dë Staater Buergermeeschter Paul Helminger huet an séngem Hommage drop higewisen, datt ët ganz dono ausgeseit, wéi wann aus dëm Gala Tour de France an Zukunft dë Gala Charly Gaul géif gin.

www.acccontern.lu