Hommages à Charly Gaul (08/12/1932 - 06/12/2005)

De Charly Gaul ass doud, séng Léjend liewt weider

vum Carlo Hastert (RTL - 06.12.2005)

Op Nikloosdaag 2005, zwee Déch virun séngem 73. Gebuertsdaag, ass de Charly Gaul an der Klinik un enger Longen-Embolie verschéd:

Randonnée Charly Gaul 2005 Randonnée Charly Gaul 2005
Randonnée Charly Gaul 2005

Scho méi laang war gewosst dass de letzebuerger Sportler vum Joorhonnert gesondhétléch ugeschloen war, fir d’lescht haat hien sech Mëtt Oktober an Italien um Monte Bondone an der  Öffentlechkét gewissen, wéi déi Strooss op där hien séin 1. Giro

Charly Gaul

Charly Gaul
Photo: Musée des Sports Luxembourg

Succès gefeiert huet,  op sein Numm ëmbenannt gouf, eng ganz sélen Unerkennung zu Liewzeiten. 

Vun enger Chute doheem, Enn November, an enger Operatioun am Knéi sollt sech den Charly Gaul net méi erhuelen. Mam  Charly Gaul verléiert eist Land déi Sportler-Ikône matt där sech an den Nookrichsjooren all Letzebuerger identifizéiert huet. Zesummen mam Josy Barthel war den Chaarel, wéi hien vu séngen Frönn genannt gouf,  knapp ee Joorzéngt laang eisen Ambassadeur op der internationaler Sportsbühn an de Stolz vun engem ganze Vollék . Séng Succéen am Giro 56 an 59 a virun allem am Tour de France 1958 sin a bleiwen letzebuerger Sportgeschicht, séng Exploit’en um Bondone, um Ventoux an an der Chartreuse, iwert sein Doud eraus,  onvergiessléch.

Op engem gro’en, réneréchen Daag, esou wéi hien se als Aktiiven gären haat, huet den Ange de la Montagne, wéi den Charly Gaul am Frankreich genannt gouf, nach eng Kéier séng Flilléken déployéiert, fir séng allerleschten échappée en solitaire,

.... wéi ëmmer biergop, ….noo uewen....!!



www.acccontern.lu